Aal Nidderkuer

Och wann den aktuellen Schäfferot, endlech ugefangen huet, e klengen Deel vun der rue de l’Eglise, virun de Walen ze erneieren, versichen se och hei de Leit Sand an d’Aen ze streeën. All déi aner Stroossen, wéi z.b. rue du Kirchberg, rue St. Pierre, ouni déi kleng Niewestroossen ze nennen, do gesäit et nach aus, wéi an den Wildwestfilmer, aus de 50er Joren, mat Pavé an der Strooss, krommen Trëttoiren an elektreschen Girlanden, vun engem Haus zum aneren. Och d ‘Kierch ass bannen ann, an engem schlechten Zoustand, vläicht mat Absicht? Dann geet et wéi mat der Déifferdenger Kierch esou dass mer dann déi zwou kënnen ofrappen. Zukunftsvisiounen vum Buergermeeschter, sinn zu Nidderkuer nach nët ukomm. A propos Kierchen: Si sinn all (Déifferdeng, Fousbann, Nidderkuer, Lasauvage) an engem ganz schlechten Zoustand, an déi nach am beschten ass, ass d’Uewerkurer Kirch.

Jos Pelt