En Appel un all Déifferdenger Veräiner

Am Gemengerot vum 6. November 2013 huet d’Majoritéit feu vert zu enger Konventioun tëscht der Gemeng Déifferdeng an der Harmonie Municipale Differdange. Bis elo hat all Veräin jo d’Méiglechkeet, bei extra Uläss en eemolege subside extraordinaire un ze froen. Mat dëser Conventioun geet d’Gemeng elo nei Weeër, an bidd d’Meiglechkeet d’Veräiner systematesch ze ënnerstëtzen.

Als Beispill e puer Punkte aus der Konventioun: D’Gemeng iwwerhëlt all Mount! 2800 Euro fir de chef d’orchestre, 80% vun de Fraise fir Museker ze engagéieren wa si Concerte organiséieren, 8000 Euro all Joer fir Instrumenter ze kafen, stellt dem Veräin gratis d’Gemengecamionetten zur Verfügung, souwéi d’Auberge de la jeunesse fir Jugendstage.
De Comité vun der CSV Déifferdeng fënnt d’Iddi gutt, fir d’Arbecht vun de Veräiner generell, an Jugendarbecht am speziellen méi ze ënnerstëtzen, dëst muss awer fir all Veräin aus onser Gemeng gëllen.
Brauch äre Veräin och finanziell Ënnerstëtzung fir den Trainer ze bezuelen oder fest ze engagéieren, fir Material ze kafen oder Manifestatiounen ze organiséieren. Waart der bis elo nieft dem Gemengesubside op privat Done, Reklamme siche bei Geschäftsleit, vill a schwéier éieren amtlech Arbecht ugewisen?
Mellt Iech bei ons, mir ënnerstëtzen all Déifferdenger Veräin (wou Ubruecht). Zesumme mat Iech setze mer eng Motioun op, déi mir an de Gemengerot areechen, fir datt och äre Veräin déi gläich Rechter an systematesch Ënnerstëtzung kritt.
           Är CSV Déifferdeng