Neijoerspatt

E Méinden den 16. Januar huet d’Equipe vun der CSV Déifferdeng am Hall de la Chiers hieren Neijoerspatt offreiert. Gelueden woren d’Vertrieder vun den Déifferdenger Verainer a natierlech dei selleg Memberen, déi et sech net huele geloos hunn, e puer gemittlech Stonnen bei engem gudde Patt ze verbréngen an ob en Joer mat villen Ambitionen unzestoussen.

Mat vun der Partie woren den Députeierten, Generalsekretär an Fraktiounspräsident Marc Spautz, d’Députeiert an d’Präsidentin vum Südbezierk Sylvie Andrich-Duval, den Députeierten a Mamer Buergermeeschter Gilles Roth, den Députeierten an CSJ-Präsident Serge Wilmes, d’Députeiert Christine Doerner, den Députeierten Félix Eischen, souwéi den Hobscheider Buergermeeschter an Vize-Präsident vum Südbezierk Serge Hoffmann.

zur Gallerie: