Brauch Lëtzebuerg eng Trennung vu Kierch a Staat?

Wéi sou dacks geet et am Moment erëm héich hier an der Fro vun der Trennung vu Kierch a Staat. D’Memberen aus der enger oder anerer Partei fannen déi Trennung fir batter néideg.

Batter néideg, aus wat fir engem Grond?

Lëtzebuerg fiert säit Jorhonnerten ouni Zweifel gutt mat der Kierch, an eng Trennung wier deemno Onsënn. Et ass och paradox, sech bei sou engem groussen Undeel vu Chrëschten eng Trennung ze wënschen. An awer maachen ëmmer erëm e puer Leit esou, wéi wann et keng Majoritéit vu Chrëschte géif ginn.

Elo soll dann no der Euthanasie och iwwert d’Trennung vu Kierch a Staat diskutéiert ginn. Lëtzebuerg huet jo bei der Euthanasie vun haut op muer seng Meenung geännert. No deem systematesche Wiessel vum Lëtzebuerger Image stellt ee sech d’Fro, ob d’Lëtzebuerger nach wëlle bleiwen, wat se sinn.

Geschwat gëtt jo och ëmmer, datt de Reliounsunterrecht misst verschwannen, firwat weess keen. An de Lëtzebuerger Schoulen ass jo, wat d’Relioun ugeet, kee Problem ze gesinn. Am Fall, wou een net gleeweg ass, kann een de Moralunterrecht auswielen. Ass ee sech awer net eens, sou gëtt een och am Reliounsunterrecht iwwert aner Reliounen informéiert.

Et ass am Moment och ondenkbar, sech Lëtzebuerg ouni seng Verbonnenheet mat der Relioun virzestellen. D’Relioun ass een Deel vu Lëtzebuerg, wat un der Oktav oder der Sprangprëssessioun sou wéi un eise Feierdeeg ze gesinn ass. Souguer eis auslännesch Matbierger pilgere Joer fir Joer op Wolz bei d’Fatima.

Kënnt et zu enger Trennung vu Kierch a Staat, wier alt erëm ee Stéck Lëtzebuerg verluer. Frankräich ass de Beweis dofir, datt keng Virdeeler bei enger Trennung ze erwaarde sinn. Kee Wonner, sou huet ee jo heinsdo d’Gefill, wéi wann all Moment géif ee Reliounskrich a Frankräich ausbriechen. Wëll een et iwwerdreiwen, misst ee sech och an Zukunft an eisem Land op negativ Konsequenzen astellen.

Et feelt elo nëmmen nach, datt eis Staatsform geännert an eis Sprooch ofgeschaaft gëtt. Wier dat de Fall, dann hätte mir endlech eis berühmte Bananerepublik, an déi keen Tourist méi de Wee fënnt.

Pino Scalise

 

Text aus

Analyse und Meinung – Briefe an die Redaktion – Seite 12

Nr. 146 Luxemburger Wort vom 25.06.2011