CSV am Déifferdenger Gemengerot zu PPP- Oberkorn

Dir Damen an dir Hären.

Fir unzefänken well ech, vu dass dir dat jo och emmer macht, Stellung huelen zou enger Ausso dei dir op RTL gemacht hut no der leschter Sitzung, wou der gesot hut: dir gingt CSV net verstoen well se wier emmer fier en PPP gewiescht, an elo wier se dergeint, an hätt dergeint gestemmt.

Des, aer Ausso as falsch, et ass karréement eng Liggen,

Mir sin hei alleguerten eng Keier gefrot gin op mer eppes dorgeint hätten fir dass dir gingt kukken op des Projeen iwert et PPP ze machen wier.

Dogeint haten an hun mer neischt anzewenden gehat.
Mée dir hutt gekukkt,an dun unilatéralement decideiert dass en PPP dat bescht wier,dunn den Projet op des Schinn gesat,an eis dunn en fàrdechen PPP hei virgeluecht wou mir jhust JO oder Néen konnten soen,alles war jo schons ennerschriwen, an et woren guer keng Vergleicher, wat den Käschtenpunkt ugéet, zou engem traditionnelen Projet gemach gin

Mer fannen et net dei fein englesch Art a Weis wie dir hei versicht en politeschen Geigner hei mat falschen Aussoen beim Publique ze diskrediteieren.

Wei gesot mir verspären eis am Prinzip net engem PPP, mée et muss éen eis awer mat Zuelen beweisen dass et den beschten finanziellen Wée ass fir eis Gemeng, dat hut dir eis dei leschten Keier net konnten beweisen, wei der hut jhust Äppel mat Bieren verglach hut, an dofir hun mer dergeint gestemmt ,fir desen Projet ennert PPP Form ze realiseieren.

Och hei sen mer eis all heibannen éens,mam Stadion muss eppes gescheien, mer wessen och, hei dass d’Parkingsituatioun an desem Quartier,weinst den Sportinfrastrukturen resp. der Schwemm net dei allerbescht,dofir, och geint den Parking hun mer net direkt eppes anzewenden.

Eis géet et ganz alleng em den finanziellen Volet vun desem Projet, déen mer hei sollen guthéeschen,

em den Finanzement also,

an net direkt em den Projet selwer.

Bei desem PPP,huet den Scheffenrot jo eng 180 grad Dreihung gemach, par rapport zum PPP Schwemm,

Ass eis dei leschten Keier nach gesot ginn, et misst éen alles vum eischten Dag un ,selwer firfinanzeieren well dat mei belleg wier,esou ass dat elo en Mount mei speit, ganz anescht. Elo ass et net mei deier wann den Promoteur dat Geld leihnen géet, an während der Bauphase firfinanzeiert, mir bezuelen den Objet also elo souball en do steet, mir verstinn des nei Logik net.

Elo sen mer nach emmer net bei engerm traditionellen PPP,wou direkt nom Bau alles pro Joer oder Quartal zereckbezuelt get, hei mussen mer dann eng Schold machen.

Mer wessen dass et soll 21,5 milloiunen kaschten fir alles opzeriichten,an dann pro Quartal sen 100 k als Funktionnementskäschten ze bezuelen,dat héescht 400K pro Joer,die dann den uerdentlechen Budget belaschten.Dat heescht desen Projet wärt mindestens 32 Milliouen no 25 Joer kaschten.

An der Zeitung stungen Fraien vun 600K pro Joer,elo wées ech net wou dei Differenz vun 200K hierkennt.

Nach emmer hun mer neischt firleien wei dir dat wellt finanzeieren, et get kéen pluriannuellen Finanzeierungsplang fir all des PPP dei eis Gemeng iwert Joeren mat 100 mio euro wärten kaschten ,wann ech nierwend den Baukaeschten och d’Fonktionnementskäschten mat anbezeien.

Dat e mol en géneral,wei gesot ,dir fannt emmer nei Argumentatioune dei zwar widdersprechlech sinn, fir esou projeen dei eiser Méenung no nach net sprochreif sen, fir dei aus elektoralpoliteschen Iwerléeungen elo nach schnell mat vill Tam Tam virun den Wahlen ze präsenteieren. Fir eis ass et irresponsabel wei hei virgangen get, et ass eng regelrecht Orgie vun Projéen dei elo an den leschten Meint hei virgestallt ginn, kéen wées awer wei der se wellt bezuelen, dat ass jo net seriös.

Wei gesot eis Stellungnahm ass relativ kurz,well mer schons alles die leschten Keier gesot hun,dat trefft och zou op dat wat elo hei virleit ,vu dass der jo schons alles ennerschreiwen hutt, huet et jo kéen Wert sech hei an der Eiffer ze rieden well dat ass iech souwisou egal, an mir verstinn jo neischt, wei der des lescht gesot hutt, ech hoffen jhust dass die dei do vun Zeit zu Zeit um Scheffenrot déelhuelen, dass die sech bewosst sen em wat et hei géet, an woran se Gemeng hei finanziell engageieren.

Wei gesot et sen en ganzen Koup vun Fraien dei esou en PPP als Kolateralschued matbrengt net mat konsidereiert,wei dei ganz Infrastrukturarbechten dei mussen préalablement gemach gin, wei dei Affekotenkàschten, an Beroderkàschten,asw.

Wat d’Parkhaus ubelangt,sou Hàtten mer gàren eppes iwert Tariffer gewosst,an och eng Opstellung wei sech dat rentabiliseiert a long terme.

Et hätt éen jo och kennen hin goen an en Déel vun den Parkplatzen amphytheotiquement verkafen un Privatleit aus dem Quartier, ass do drunner geduecht ginn?

dat hätt dei finanziell Belaschtung fir d’Gemeng reduzeieren kennen.

Wei gesot dass éen eventuell en Parking vun enger Privatfirma gereieren leisst, dat get jo schons an aner Gemengen gemacht dat steiert eis elo manner, mée mer vermessen dass do den Entretient net vun eisen Leit gemach get,wei d’botzen,etc.,

Mée ech ging soen mer hun nach 3 greisser Awänn zu desem Projet,fir déen iwert enPPP ze machen virzedroen.

1) Mer verstinn net virwat hei des Platzen die domat geschafen ginn sollen groussendeels ausgelarert oder outgesourct ginn. Virun allem dei vum Sportsstadium dat sen Platzen dei gudd keinten vun Leit mat engem Handicapeierten statut besetzt ginn, resp do wir en Pool vun Platzen op dei éen keint Leit setzten dei no johrzengterlanger schweierer kierperlecher Arbecht op der Gemeng esou vill Problemer mam Reck etc hun dass se do des Portiersarbecht keinten machen.Wei gesot hei verstinn mir,

an anscheinend kéen an der Bautenkomissioun,firwat mir eng Gestioun vun engem Stadion mussen vun enger Privatfirma machen lossen,wou mer den Entretient vum Wuess, jo aweer mat eisen Servicer sollen weider machen,

2)An enger Reunioun vun der Chamber iwert den PPP,wou dir als Member vun der Kommissioun reorganisation territoriale net déelgeholl hutt, huet en eminenten Spezialist vun den PPP „ a évoqué le seuil minimum d’investissemnt de Euro 30 mio au dessous duquel les frais d’un cahier des charges à mettre en ouvre étaient disproportionnés par rapport à l’engagement global, notamment s’il s’agit de mettre en collaboration entre le secteur public et le secteutr privé“

Wei gesot an desem précisen Fall, get des Somme net errécht, an mer froen eis also op et net méi belleg gewiescht wier wann éen des Projéen op traditionnel Maneier réaliseiert hätt.

3)Als Aenwert op àr parlementaresch Ufro un den Innenminister :Question parlementaire Nr 1842 concernant le financement d’infrastructures par le biais de public private partnership,vum 10 juili 2007,huet den Innenminister iech folgendes geaentwert: ennert punkt D:Les véritables PPP sont des contrats d’envergure très complexes pour l’établissement desquels les communes devraient se faire assister par des experts en matière juridique et financière,et autres selon la spécificité du contrat . ( dat hut der jo gemach an desem Fall).

Dann awer: Avant d’opter pour le recours à un PPP les autorités communales devraient faire une ANALYSE COMPARATIVE AFFROFONDIE DES MODES DE REALISATIOIN POSSIBLES de leurs contrats.

Dei selwecht Ausso huet eisen Affekot bei enger offizieller Präsentatioun vum PPP gemach wou en gesot huet, et misst bewiesen sen, dass den PPP variant finanziell beeser wir,wei en Projet op konventionell Art a Weis ze realiseieren.

Desen Exercice hut dir net geméet,mer hun hei jhust eng Offer virleien,an dat ass et.

Mer kennen emol dei aner Offeren net, an mer wessen net wat desen Projet ging kaschten wann mir als Gemeng dat gingen selwer bauen an net outsourcen,

also och selwer bedreiwen.

Aus desen Iwerléeungen hier kennen mer eis kéen Bild machen well mer net all Informatiounen hun fir en Vergleich ze machen, an dofir wärt meng Fraktioun och dergeint stemmen fir desen Projet iwert en PPP ze realiseieren.